Virnumm: Johnny
Stärzeechen: Gummibär
Alter: versioun 3.7
Schonggréisst: 44
Liblingspizza: Diavola + Ee
Mäin Numm ass Johnny an zesumme mam Claudia a mam Tom bilde mir de SpillTriooo.
Mir 3 si leidenschaftlech Brietspillfans a virun enger gewëssener Zäit ass eis d’Iddi komm kléng Videoen ze dréien, fir Iech eis Spiller op Lëtzebuergesch ze erklären.
Zesummen hu mir iwwer 400 Brietspiller. Dorënner befanne sech ganz bekannten, awer och manner bekannte Spiller.
Vue dass mir mat vollem Häerz dobäi si kucke mir fir eis Sammlungen ëmmer ze erweideren an esou kommen och nei Spiller dobäi déi mir zum Beispill iwwert Kickstarter bestellen an da laang drop waarde bis d’Spill endlech ukënnt an ëm sou méi frou sinn, wa mir et da bis spille kënnen 🙂
Mäin aktuellt Liblingsspill ass:
Oh mäi… do ginn et der esou vill…
- Charterstone
- T.I.M.E. Stories
- SKYJO ACTION
- …
Am Fong hunn ech kee wierklecht Liblingsspill, dofir ginn et der einfach ze vill déi ech flott fannen. 😎