Virnumm:
Claudia
Stärzeechen:
Himmelsdéier mat 7 Punkten
Alter: ….
PARDON???!!!!???
Schonggréisst:
39
Liblingspizza:
Lënsen mat Spätzle an engem Wierschtchen
Ech sinn d’Claudia, olé!!! Endlech dierf ech mech hei virstellen, nodeems d’Jongen sech virgedirängelt hunn (just Spaass).
De Johnny, den Tom an ech si bescht Kolleegen mat der selwechter ausgepräägter Freed u Spiller, sief et um Briet, e Kaarten- oder Wierfelspill.
D’Jonge fannen et ëmmer immens spaasseg, wann ech alt erëm d’Regelen net checken, respektiv d’Strategie hannendrun verpennt hunn.
Ech stinn do natierlech driwwer: SI iergert sech NET. Memo u mech: Ech brauch sou een T-Shirt (oder Badge)….!!!!
Mäi Liblingsspill ass :
ganz kloer :
…
…
…
ehm … Moment …
Qwirkle! (dat war einfach)